Download "Guide futur étudiant"

Universitéiten

Aix-en-Provence huet eng laang Traditioun als Studentestad säit deem an 1409 de Louis II Université d’Aix gegrënnt hat. 2010 goufen et zu Aix 35 413 Studenten, wat en riisen Deel vun der Population aus mécht. Haut fënnt een zu Aix haaptsächlech Universitéite fir Droit, Economie, Sproochen a Sciences humaines.

Appartementer fannen

D’Majoritéit vun de lëtzebuerger Studenten wunnen am sougenannten Centre Ville Historique (Quartiers Cles thermes-Cordeliers; Comtale-cente-cours mirabeau; Mazarin-Opéra-Bellegarde-Mairie an Tanneurs). Websäite vun seloger.fr (offren vun den agences immobilières) an leboncoin.fr (privat offren) hun déi gréisste Sélectioun vun Annoncen.

D’Praiser variéieren zwësche 600€ (27 m2 T1 meublé) bis 1300€ (100 m2 T4 non-meublé). D’colocation ass am gënschtegen, mee et do ass schwéier en meubléierten Appartement ze fannen. Fir méi bëlleg Appartementer sollt een ausserhalb vum Centre Ville Historique kucken, oder no engem Zëmmer an den verschiddene Cité-Universitaire sichen (fréi genuch dru sinn!)

Transport

Déi einfachste Method fir op Aix-en-Provence ass den TGV, d’billeten kaschten zwëschen 100€ an 200€ fir en Aller-Retour, deemno wéi spéit een drun ass. Fir Studenten zwëschen 16 an 27 Joer ass nom eischte Trajet schonn rentabel eng SNCF carte jeune ze e maachen, déi Reductioune vun -25% bis -60% garantéiert. Se kascht 50€ am joer. Mam Zuch muss een entweder iwwer Metz ëmsteigen, oder iwwer Paris ëmsteigen an d’Gare wiesselen. Op der Gare TGV Aix-en-Provence ukomm muss ee mat der Navette bis an d’Stad selwer fueren (4€, 20 Minutten dem Traffik no).

Fir mam Auto sinn et ongeféier 7h47 fueren (mat Pausen) fir 815 km an 157,96€ Käschten. Dovunner sin ongeféier 55€ fir péages an 100€ fir Benzin.

Fir mam Fliger ze fléien ginn et direkt vol’en Breissel-Aix an Luxembourg-Nice. Den Aéroport Marseille Provence läit mat der Navette 30 Minutten ewech vun Aix.

D'stad

Nëtzlech Informatiounen iwwert den Tourismus an Nouvellen vun d'Stad fannt dir um offiziellen Site vum Office de Tourisme d'Aix-en-Provence. Fir en Aperçu vun Aix-en-Provence, senger Geschicht, Restaurant an nach e puer Fotoen, klickt hei. E klénge Guide iwwert d’Studenteliewe kennt dir hei fannen. Fotoe vun eise vergaangene Aktivitéite kennt dir an eiser Foto Galerie fannen.

Dir hutt nach méi froen?
Kontaktéiert eis op info@letzaix.com

Powered by w3.css - copyright Letzaix asbl 2016 ©