Aix-en-Provence huet eng laang Traditioun als Studentestad zanter 1409 de Louis II d'Université d’Aix gegrënnt huet. 2010 goufen et zu Aix 35.413 Studenten, wat en riisen Deel vun der Population ausmécht. Haut fënnt een zu Aix haaptsächlech d'Unie fir Droit, Economie, Sproochen a Sciences humaines.
Déi grouss Majoritéit vun de lëtzebuerger Studenten wunnt am sougenannte Centre Ville Historique (Quartiers les Thermes-Cordeliers ; Comtale-Centre-Cours Mirabeau; Mazarin-Opéra-Bellegarde-Mairie an Tanneurs). Websäite vun seloger.fr (Offren vun den Agences immobilières) an leboncoin.fr (privat Offren) hunn déi gréisste Selectioun vun Annoncen.
D’Präisser variéieren tësche 600€ (27 m2 T1 meublé) bis 1500€ (100 m2 T4 non-meublé). D’Colocatioun ass am gënschtegsten, mä do ass et schwéier ee meubléiert Appartement ze fannen. Fir méi bëlleg Appartementer soll een ausserhalb vum Centre Ville Historique kucken, oder no engem Zëmmer an de verschiddene Cité-Universitaire sichen (opgepasst, fréi genuch dru sinn!)
Déi einfachst Method fir op Aix-en-Provence ass den TGV, d’Billjeeën kaschten tëschent 100€ an 200€ fir en Aller-Retour, deemno wéi spéit een drun ass. Fir Studenten tëschent 16 an 27 Joer ass et nom eischten Trajet scho rentabel eng Carte jeune ze maachen, déi Reductioune vun -25% bis -60% garantéiert. Se kascht 50€ am Joër. Mam Zuch muss een entweder iwwer Metz ëmklammen oder iwwer Paräis fueren an dann do d’Gare wiesselen. Je nodeem kritt een och een direkten Zuch vu Lëtzebuerg op Aix. Op der Gare TGV Aix-en-Provence ukomm muss ee mat der Navette bis an d’Stad selwer fueren (4€, 20 Minutten dem Trafic no).
Mam Auto brauch ee ronn 8 Stonne (mat Pausen) fir ongeféier 800 km an 155€ Käschten. Dovunner sinn ongeféier 55€ fir d'Péagen an 100€ fir de Bensin.
Fir mam Fliger ginn et direkt Volen tëschent dem Findel an dem Flughafen zu Marseille. Den Aéroport Marseille Provence läit mat der Navette eng 30 Minutten ewech vun Aix. D'Luxair a Volotea fléie je no Saison 1-2 mol d'Woch (meeschtens weekends) dohinner.
Aix-en-Provence läit am Süde vu Frankräich am Departement vun de Bouches-du-Rhône an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Stad bitt eng excellent Liewensqualitéit mat 300 Deeg Sonn am Joer a, Summer wéi Wanter, agreabelen Temperaturen. Aix ass eng relativ kleng Stad mat ronn 140.000 Awunner : dat huet de groussen Avantage dass een all d'Weeër zu Fouss ka maachen. Och fir op d'Uni brauch ee kee Bus oder aner Transportméiglechkeeten!
Wéi den Numm et scho seet läit Aix matten am Häerz vun der Provence. D'Géigend bitt eng sëllege Méiglechkeete fir Ausflich ze maachen : an d'Wäibierger (mat excellentem Wäin), op de Mont Saint-Victoire, an d'Gorges du Verdon, ... Och d'Mier ass ni wäit fort : mam Auto oder mam Bus ass een an enger halwer Stonn op der Plage.
Nëtzlech Informatiounen iwwert den Tourismus an Nouvellen vun der Stad fannt dir um offiziellen Site vum Office de Tourisme d'Aix-en-Provence. E klenge Guide iwwert d’Studenteliewe kënnt dir hei fannen.
Dir hutt nach méi Froen?
Kontaktéiert eis op info@letzaix.com