LaserGame
Däischter, Niwwel, Laser a vill Gejäiz. Kommt a weist, wat dir drop hutt!
Deltagame, Plan de campagne 20:00Le Cercle des étudiants luxembourgeois à Aix-en-Provence, depuis 2003.
Am September 2003 gouf d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenten zu Aix-en-Provence (Letz’Aix) gegrënnt. D’Zil vun der Associatioun ass et, d’Interesse vun de Lëtzebuerger Studenten zu Aix besser ze organiséieren an se bei der ACEL ze vertrieden. De Letz’Aix hëlleft den neie Studenten, sech zu Aix anzeliewen, ënnerstëtzt se bei den administrative Formalitéiten a suergt fir de Kontakt tëscht den neien an den alen Studenten.
D’Associatioun informéiert déi zukünfteg Studenten iwwer déi verschidde Studieméiglechkeeten zu Aix a Marseille an iwwer d’Liewen zu Aix. Si ass op der Foire de l’Étudiant zu Lëtzebuerg present an zielt haut ronn sechzeg Memberen.
Kommt laanscht, och wann der nach keen kennt.
Däischter, Niwwel, Laser a vill Gejäiz. Kommt a weist, wat dir drop hutt!
Deltagame, Plan de campagne 20:00Déi Nei ginn offiziell an de Cercle opgeholl! Eng vun eise schéinsten Traditiounen. Kommt mat gudder Laun, de Rescht gesitt der dann.
Aix-en-Provence, Rotonde 19:00Waart dir brav dëst Joer? De Kleeschen kënnt op Aix, fir et erauszefannen. Boxemännercher a gutt Stëmmung garantéiert!
Aix-en-Provence, TBA 20:00Soiréeën an den Aixer Bars, Sport, den Ausfluch an d’Gorges du Verdon an all Joer de 6. Dezember: de Kleeschen.
Fir d’Traditioun ze halen, besicht de Kleeschen eis och an der Provence.
Lëtzebuerger Owender zu Aix an eise Stand um Studentebal vun der ACEL.
Verkleede gëtt sech bei eis gären, a meeschtens ganz grëndlech.
18. September 2026
Merci un all déi, déi do waren! Méi Fotoen gëtt et an der Galerie fir Memberen.
All d’Fotoen (fir Memberen)
Unien, Appartementer, Transport an d’Liewen zu Aix: mir hunn dat Wichtegst fir iech zesummegefaasst.
Dir studéiert zu Aix oder kommt geschwënn? Als Member vum Letz’Aix sidd dir vun Ufank un net eleng.